26/09/2023

Yves De Smet

19h30

Conférence

Bibliothéik

Yves De Smet

Copyright Foto

Dënschdes 26.September um 19h30

 

vun a mam Yves De Smet

 

Histoire de la Psychiatrie en Luxembourg

 

L’Hospice Central d’Ettelbruck (1854-1904)

 

Fräien Entrée

ouni Umeldung

Guy Rewenig

copyright Foto: éditions guy binsfeld

 

Dënschdes 10.Oktober um 19h30

 

De Guy Rewenig  liest Auszich aus sengen 3 leschte Bicher

 

– « Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch », Geschichten an Erzielungen (2020)

– « Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektricitéitswierk », Geschichten an Erzielungen (2021)

– « Schnatt », Roman (2022)

 

Fräien Entrée

ouni Umeldung

Potty Lotty

copyright Foto

Samschdes 21.Oktober um 15h00

 

Potty Lotty

 

« Di dräi Geessebéck Gruff »

 

fir Kanner ab 3 Joer

Fräien Entrée

ouni Umeldung

André Thull

Paula Imelda

Ausweg Ettelbruck

 

Dënschdes, den 21 November 19h30

 

Lesung:     André Thull

 

Paula, eine junge Deutsche, verschlägt es zu einem Praktikum ins Luxemburg der frühen 50er Jahre. In Luxemburg ist das Leben für eine Deutsche kurz nach dem Krieg nicht leicht. Paula erlebt allerorts Anfeindungen, wird herablassend behandelt und flüchtet sich in eine Affäre mit Lucien, einem jungen Luxemburger Soldaten. Obschon sie sich in ihn verliebt, sieht Paula für sich keine Zukunft im Großherzogtum.

 

Freier Eintritt

ohne Reservierung

Toni Konfettoni

Copyright: éditions Binsfeld

Samschdes, den 13.Januar 2024

 

Anja Di Bartolomeo

 

Dës illustréiert Geschicht erzielt vun engem Fuuss, deen ëmmer voller Energie war a seng Frënn mat senger gudder Laun eng fuusseg Freed gemaach huet. Enges Daags kribbelt et den Toni an de Been an hie ka bemol net méi sou héich sprange wéi soss. Seng Kraaftverschwënnt an hien huet schrecklech Bass. Da fänkt en och nach u faarweg um ganze Kierper ze ginn. A wéiwann dat net alles scho schwéier genuch ze erdroe wier, zéie seng Frënn sech zréck a kënnen näischt mat deem Konfettimonster ufänken. Den Toni fillt sech eleng a wëll einfach erëm esou sinn, wéi déi aner. Kann d’Zaubermaus Kamella Pop him säi Wonsch erfëllen? Oder gëtt en anere Wee, fir esou akzeptéiert ze ginn, wéien elo ass?

D’Buch gouf an Zesummenaarbecht mat ALAN ASBL Maladies Rares Luxembourg verëffentlecht.

 

Fräien Entrée

ouni Reservatioun

Béischten

copyright Foto Jemp Schuster : Michèle Turpel, Foto Claire Parsons: Lynn Theisen

Dënschdes, den 30.Januar 2024

 

 

Liesung mam   Jemp Schuster

musikalesch begleet vum   Claire Parsons

 

Jemp Schuster

         De Jemp Schuster liest aus sengem neie Roman BÉISCHTEN. (Verlag KREMART 2023). E stellt sech an d’Rei nieft déi zwéin aner Romaner: Bluttsëffer (2020) an Ouereschlëffer (2021). Et ass awer eng ganz nei Geschicht.

         An deem klengen Éisleker Duerf, zu Kromber, geschéien an de Joren 1942 bis 1949, Saachen, déi am beschte keen dobausse gewuer gëtt. Wat anerwäerts einfach ënnert den Teppech gekiert géif ginn, läit hei nach e bësse méi déif begruewen.

 

Claire Parsons

         Zanter hirem éischte Präis um “Luxembourg Music Awards” am Joer 2019 ass d’Claire Parsons international als Jazz-Gesangsolistin, Instrumentalistin a Komponistin bekannt a gefrot.

         2020 huet si hire Studium am Jazz Gesang mat engem Master um Conservatoire Royal zu Bréissel ofgeschloss an ass zanterhier, als fräischaffend Musekerin, op villen nationalen an internationale Bünen

a Festivaler ze gesinn an ze héieren.

 

 

Fräien Entrée

ouni Reservatioun

Le juif amnésique de sa mémoire

Copyright Photo

Mardi 27.février 2024

19h30

Ettelbrécker Bibliothéik

 

Conférence   en langue française     Alain Nacache

 

 

Le juif amnésique de sa mémoire

 

La Mémoire juive est la matrice et l’horizon du judaïsme. Pourtant, elle est inconnue du grand public, et est trop souvent confondue avec l’histoire des juifs. Constituée par la tradition orale, elle est la partenaire indéfectible de la tradition écrite qui bénéficie, quant à elle, d’une très large diffusion à travers les traductions de la Bible.

 

C’est cette immersion au sein de la Mémoire juive que le Grand rabbin propose. Afin de comprendre les relations que les textes qui fondent la tradition orale entretiennent avec l’Histoire, la justice, le pardon et l’oubli et comment ils structurent une pensée toujours en phase avec son présent tout en demeurant éminemment singulière.

 

Conférence organisée par Al Synagog Ettelbréck a.s.b.l. et Ettelbrécker Bibliothéik.

 

Entrée libre

 

 

Lët’z druddel!

copyright

Dënschdes, den 20.Februar

 

Eng kabarettistesch Liesung fir Erwuessener

 

vum a mam      Marc Weydert

 

 

Fräien Entrée

ouni Reservatioun

 

De klengen Här Bellibimbam an de Monsieur Lugaru

copyright

Samschdes, den 9.Mäerz 2024

Eng verzielte Liesung vun a mam   Roland Meyer

 

Nu stellt iech emol vir, dir sëtzt owes gemittlech doheem an da klappt et op eemol un der Dir. Do steet ee riseg Groussen, ee ganz Komeschen, een däischter Schudderechen!

Ass et um Enn ee Gangster, ee Bandit, ee Raiber, deen iech äre Kuch, ären Handy an äre Portmonni klaue wëllt? Oder ass et soss ee schrecklech Geféierlechen, onheemlech Hannerhältegen oder rose Verbrueten?

Dir wësst et net. Dir kënnt et net wëssen. Well dir kennt en net. Et ass ee Friemen. An esoulaang dir e net kenne geleiert hutt, kënnt dir näischt mat him ufänken.

Géift dir him d’Dir trotzdeem opmaachen? Vläicht ass e jo ganz anescht, wéi dir gemengt hat?

Eng erzielend Liesung iwwert d’Anescht sinn, iwwert d’Friem sinn a wéi een heiansdo säi blot Wonner erliewe kann.

Dem Roland Meyer säi Buch “De klengen Här Bellibimbam an de Monsieur Lugaru” ass bei “Op der Lay” erauskomm.

 

Fräien Entrée

ouni Reservatioun