09/03/2024

De klengen Här Bellibimbam an de Monsieur Lugaru

15h00

Kannerliesung

Bibliothéik

copyright

Samschdes, den 9.Mäerz 2024

Eng verzielte Liesung vun a mam   Roland Meyer

 

Nu stellt iech emol vir, dir sëtzt owes gemittlech doheem an da klappt et op eemol un der Dir. Do steet ee riseg Groussen, ee ganz Komeschen, een däischter Schudderechen!

Ass et um Enn ee Gangster, ee Bandit, ee Raiber, deen iech äre Kuch, ären Handy an äre Portmonni klaue wëllt? Oder ass et soss ee schrecklech Geféierlechen, onheemlech Hannerhältegen oder rose Verbrueten?

Dir wësst et net. Dir kënnt et net wëssen. Well dir kennt en net. Et ass ee Friemen. An esoulaang dir e net kenne geleiert hutt, kënnt dir näischt mat him ufänken.

Géift dir him d’Dir trotzdeem opmaachen? Vläicht ass e jo ganz anescht, wéi dir gemengt hat?

Eng erzielend Liesung iwwert d’Anescht sinn, iwwert d’Friem sinn a wéi een heiansdo säi blot Wonner erliewe kann.

Dem Roland Meyer säi Buch “De klengen Här Bellibimbam an de Monsieur Lugaru” ass bei “Op der Lay” erauskomm.

 

Fräien Entrée

ouni Reservatioun

 

Prochains évènements