21/05/2024

Fassad a Substanz

19h30

Liesung

Bibliothéik

copyright: Op der Lay

Dënschdes, den 21.Mee 2024

 

Fassad a Substanz

 

 

vum a mam    Joël Adami

 

Den Ech-Erzieler steet enges Dages am Laf vum Joer 2016 virun „dem Lach, dat fréier mol den Aldringer war“ a kritt d‘Gefill, datt generell eppes mat der Welt a besonnesch mat Lëtze­buerg net stëmmt. Alles wierkt fir hien, wéi wann et just eng bëlleg Kuliss aus Kartong wier. Wat als komescht Gefill ufänkt, entwéckelt sech zu engem eeschte Problem, well näischt méi reell wierkt: D‘Pizzeria net, d‘Chamber an déi lëtze­buergesch Politik souwisou net, net emol de Besuch beim Bäcker, wou ee rosenen Här versicht, säi Croissant op Lëtzebuergesch ze bestellen. D‘Lis, eng gutt Frëndin vum Ech-Erzieler, probéiert him d‘Gefill vun der Normalitéit zeréckzeginn. Dofir besichen déi zwee déi „schéinste“ Plaze vum Land. Si maache kee Road­trip, well dat an engem klenge Land lächerlech wier. Si fueren trotzdeem bei de Bockfiels, an de Flying Dutchman, op d‘Aire de Berchem, de Stauséi a schlussendlech op de Kierchbierg.

 

Fräien Entrée

ouni Umeldung

Prochains évènements